logoIntroServicesProductslogoContactSupportJobs

Jobs @ EducDesign SA


EducDesign sicht als Verstäerkung fir seng Equipe nei Leit a folgende Positiounen:

Mediatrice/Mediateur pédago-technologique


EducDesign s.a. sicht als Verstäerkung fir seng Equipe eng/e Mediatrice/Mediateur pédago-technologique.
Zënter 2002 Joer brénge mir um Terrain Pädagogik an technologesch Innovatioun beieneen. EducDesign entwéckelt/bedreift eng grouss Léierplattform (olefaschool.lu) déi a ronn 50% vun der Grondschoulen an och verstäerkt a non- formale Kontexter agesat gëtt. EducDesign ass donieft ganz vill engagéiert an der Formation continue a beréit Bildungsstrukturen wéi si Technologien optimal a Léierprozesser kënnen integréieren.
Är Aufgab besteet doranner dem Personal vu Schoulen, Crèchen, Maison Relais a Maison de Jeunes a natierlech och de Kanner a Jugendlechen an deene Strukturen de produktiven, kreativen an eegentätegen Ëmgang mat Technologien nozebréngen, si ze beroden a pädago-technologesch Konzepter auszeschaffen an ëmzesetzen.
Mir forméieren Iech natierlech intern fir déi Aufgaben wouer ze huelen.
Wann Dir gutt mat Technologien ëmgitt, selwer gäre mat Technik experimentéiert, keng Angscht hutt fir Iech a nei Technologien, Tools a Software eranzeschaffen, oppe sidd fir innovativ pädagogesch a technesch Konzepter ze vermëttelen an dorunner interesséiert sidd, datt Technologien sënnvoll a produktiv a Léierprozesser agebonne ginn, da mellt Iech bei eis iwwer Telefon um oder iwwer .
Niewent schoulesche Qualifikatioune siche mir interessant, technologesch a pädagogesch interesséiert, dynamesch an engagéiert Perséinlechkeeten déi bei eis Equipe (Informatiker, Techniker a Pädagogen) a Philosophie passen.
Mir freeën eis op Är Bewerbung, och dann, wann Är Schoulcarrière eventuell net ganz linear war. (Nb: E Führerschäin/Auto ass néideg well eis Clienten am ganze Land verdeelt sinn)


Donieft akzeptéiere mir och reegelméisseg Stagiären an den Domänen vu Web Entwéckler/Techniker.


Voll- oder hallefzäit, direkt ufänken oder méi spéit, mir si flexibel.
Falls Dir interesséiert sidd, schéckt är Demande als PDF un oder rufft eis un um

Address


EducDesign s.a.
46, rue Jean Jaurès
L- 3490 Dudelange
Luxembourg / Europe

Mail: info@educdesign.lu
Phone:

RC 87595 / TVA LU-19208220

Made in Luxembourg
European Language Label

What can we do for you?