Jobs @ EducDesign SA
EducDesign sicht als Verstäerkung fir seng Equipe nei Leit a folgende Positiounen:
Ee Programmeur/Web Entwéckler
EducDesign entwéckelt a verdreift säin eegenen
CMS, mat engem Schwéierpunkt op edukativen Tools a Bibliothéiks-Verwaltung
Als Programmeur ass et är Aufgabe aktuell Deeler vum CMS ze optimiséieren an nei Funktiounen ze entwéckelen. D'Abrénge vun neien Technologien ass heibäi genee sou wichteg, wéi d'Sécherstellen dass all aktuell Funktioune weiderhin funktionell bleiwen.
Als Deel vun enger Equipe muss Dir dobäi och fäheg sinn mat aneren Leit zesummen ze schaffen. Hiren Input berécksiichtegen, souwéi hinnen mat ären Iwwerleeungen zur Säit ze stoen ass dobäi selbstverständlech.
Kenntnisser a folgend
Programatiounssproochen sichen mir:
Perl (alternativ PHP/Python/oder ähnleches),
HTML,
CSS,
JavaScript (native souwéi jQuery).
Méi zu Ären Aufgaben:
OLEFA
- Donierft akzeptéiere mir och reegelméisseg Stagiären an den Domänen vu Web Entwéckler/Techniker.
Voll- oder hallefzäit, direkt ufänken oder méi spéit, mir si flexibel.
Falls Dir interesséiert sidd, schéckt är Demande als PDF un
oder rufft eis un um 26 51 61